Si war am Dezember schonn als Regierungscheffin ofgesat ginn. Den Ament ass déi 76 Joer al Politikerin mat 11 Ukloe konfrontéiert.

Theoretesch kéint si dowéinst mat enger Prisongsstrof vu bis zu 160 Joer bestrooft ginn. Observateuren a Mënscherechtsexperte schwätzen vun engem Schauprozess. D'Militärjunta wéilt d'Aung San Suu Kyi domadder laangfristeg dozou bréngen de Mond ze halen.