E 17 Joer ale Jugendlechen huet probéiert 3 Persoune mat engem Messer ëmzebréngen. Wéi d'Police matdeelt, konnt de Verdächtege festgeholl ginn.

Hien hat seng Affer vun hanne mat engem Messer ugegraff. Blesséiert goufen e Meedche vu 17 Joer, a Jong vun 18 Joer an e Mann vun 72 Joer.

Op der Uni zu Tokio goufen um Samschdeg, grad ewéi a ganz Japan Opnameprüfunge geschriwwen. Wéi d'Police mellt, hätt de presuméierten Täter net un deenen Examen deelgeholl. Hien hätt seng Affer wuel och net kannt.

Den 72 Joer ale Mann schéint liewensgeféierlech blesséiert ginn ze sinn, déi aner zwee éischter manner schlëmm.

Wéi de Sender NHK mellt, hätt den Täter de Poliziste gesot, en hätt wéilte stierwen, well hien an der Schoul net gutt war.