De Spuenier Saturnino de la Fuente war zanter dem leschte September dem Guinnessbuch fir Rekorder no den eelste Mann op der Welt. Hie gouf 112 Joer al.

Dat laangt Liewe vum Saturnino de la Fuente wier en Dënschdeg an der Stad Léon "bannent e puer Sekonne wéi eng Käerz ausgaangen". Esou huet d'Noriichtenagence Europa Press Familljemembere vum Mann zitéiert. Hie wier am Haus vu sengen Duechtere gestuerwen.

Den 1,50 Meter grousse Spuenier war eréischt den 10. September d'lescht Joer vum Guinnessbuch fir Rekorder - nom Doud vum Puerto-Ricaner Emilio Flores - als eelste Mann vum Planéit opgelëscht ginn. A manner wéi engem Mount, den 12. Februar, wier hien 113 Joer al ginn. Dräi vun sengen am Ganzen aacht Kanner wiere scho virun him verstuerwen.

Hie wier bis zulescht an engem relativ gudde kierperlechen an geeschtlechen Zoustand gewiescht. Dobäi hätt hie vill a sengem Liewen duerchgemaach an iwwerstanen. Déi wuel schlëmmsten Erfarung war, wéi hien 1937 wärend dem spuenesche Biergerkrich ënnert engem Haus verschott war, dat beim Ofstierze vun engem Kampffliger vun der däitscher Legioun Condor komplett zerstéiert gouf.

De geléierte Schouster an laangjärege Proprietär vun enger Schongfabrick wier Enn 2020 souguer déi éischt Persoun an der Provënz Léon gewiescht, déi géint de Covid geimpft gouf.