2021 war dat siwent Joer um Stéck, datt déi global Temperature méi wéi 1 Grad iwwert de virindustrielle Wäerter louchen.

E Mëttwoch huet d'Weltwiederorganisatioun fréier Aschätzunge confirméiert, datt déi bis ewell wäermst siwe Joer alleguerten zanter 2015 registréiert goufen. Dat géing weisen, wéi grouss den Afloss vum mënschegemaachte Klimawandel ass, sou d'WMO.

Der Weltwiederorganisatioun no géingen d'Donnéeë vu Copernicus an NOAA weisen, datt déi global Duerchschnëttstemperatur lescht Joer ronn 1,11 Grad iwwer de virindustrielle Wäerter louch. 2021 wier iwwerdeems dat siwent Joer um Stéck gewiescht, datt déi global Temperature méi wéi 1 Grad iwwert de Wäerter louchen, déi tëscht 1850 an 1900 gemooss goufen. De Wiederphenomen "La Niña" hätt dofir gesuergt, datt 2021 net sou waarm war wéi déi Jore virdrun, sou de WMO-Chef Petteri Taalas. "La Niña" kënnt an der Reegel all 2 bis 7 Joer vir a féiert zu enger Ofkillung am Pazifik. Ma WMO huet an deem Kader awer betount, datt et zanter 2020 schonn zwee Mol zu dësem Wiederphenomen komm ass.

Déi global Duerchschnëttstemperatur kënnt ëmmer méi no un d'1,5-Grad-Grenz, déi d'Paräisser Ofkommes jo verhënnere wëll. Och wann zejoert zu de méi kille Joren tëscht 2015-2021 gezielt huet, goufen 2021 eng Partie Rekordtemperaturen an extrem Wiederphenomener verzeechent. Dorënner bal 50 Grad a Kanada, déidlech Iwwerschwemmungen an Asien an Europa an Dréchent an Deeler vun Afrika a Südamerika. Op all eenzelem Kontinent géing de Klimawandel uerg Follege mat sech bréngen, déi d'Liewe verännere wäerten, sou d'Warnung vu WMO.

Zanter 1980 war all Joerzéngt méi waarm wéi dat virdrun. An et ass domat ze rechnen, datt dat esou weidergeet, sou nach d'Weltwiederorganisatioun.