Déi éischt Maschinne si Militärfliger aus Australien an Neiséiland, déi um Flughafen op der Haaptinsel gelant sinn.

Fir d'éischt huet d'Pist awer emol vun den Äsche vum Vulkan misste befreit ginn. Australien an Neiséiland hu mat hire Maschinnen éischt wichteg Hëllefsgidder wéi Waasser, Noutlogementer, Generatoren an Hygiènesproduite geliwwert, esou déi neiséilännesch Ausseministesch Nanaia Mahuta.

Och sinn Telekommunikatiounsapparater mat dobäi, fir déi méi entleeë Regiounen nees un d'Kommunikatiounsnetz unzeschléissen. Duerch d'Äerdbiewe war e Kabel, wat ënnert dem Mieresbuedem verluecht gouf, beschiedegt ginn.

Op éischte Biller aus der Haaptstad Nuku'alofa si verbrannten Haiser, agestierzte Maueren a vill aner Beschiedegungen z'erkennen.