De falschen oder exzessive Gebrauch vun Antibiotiquë kann uerg Follege mat sech bréngen.

Multiresistent Erreeger, och bekannt als "Superbakterien", maachen eng Behandlung mat Antibiotique onméiglech, sou datt esouguer liicht Blessuren an Infektiounen zum Doud féiere kënnen. Eleng virzejoert si ronn 1,2 Millioune Mënschen un enger Infektioun mat multiresistenten Erreeger verscheet. Bei 3,68 Milliounen Doudesfäll huet d'Resistenz op Antibiotiquen eng Roll gespillt. Dowéinst misst onbedéngt gehandelt ginn, warnt de Co-Auteur vun der Studie Chris Murray. Wéi aus der Etüd ervirgeet, géingen et méi Doudesfäll duerch antibiotique-resistent Bakterie ginn ewéi duerch HIV, Aids oder Malaria.

Déi nei Donnéeë géinge weisen, wéi grouss d'Ausmooss vun der weltwäiter Resistenz géint Antibiotiquë wierklech ass. Fréiere Schätzungen no géinge bis 2050 all Joer ronn 10 Millioune Mënschen duerch "Superbakterien" stierwen. Ma den Expert Chris Murray vun der University of Washington betount, datt dës traureg Zuel scho vill méi fréi kéint erreecht ginn.

Dowéinst huet d'Weltgesondheetsorganisatioun d'Verbreedung vu multiresistenten Erreeger zu enger globaler Gesondheetskris erkläert. En Aarbechtsgrupp soll elo op d'Sich no alternative Behandlungsmethode goen.

Eng Resistenz op Antibiotiquë kann der WHO no op natierlech Weis entstoen, ma duerch de falschen oder exzessive Gebrauch vun Antibiotiquë kann dëse Prozess acceleréiert ginn.

D'Etüd, déi en Donneschdeg an der Fachzäitschrëft "The Lancet" publizéiert gouf, soll den Auteuren no déi ëmfangräichst sinn, déi sech mat den Auswierkunge vun Antibiotique-Resistenz ausernee gesat huet. Si baséiert ënnert anerem op Donnéeën aus dem ëffentleche Gesondheetssystem a fréieren Etüden aus 204 ënnerschiddleche Länner a Regiounen. Daten aus Länner mat niddregen a mëttlerem Akommes louchen net vir, hei missten d'Fuerscher sech op methodologesch Suppositioune stëtzen.