Dëst ass déi éischte Kéier, datt Medezinner an den USA Schwéngsnieren mat Succès an de Kierper vun engem Patient agesat hunn, deen "gehierdout" ass.

77 Stonne si béid Nieren aktiv bliwwen, du goung d'Experiment op en Enn. Déi transplantéiert Nieren hu Blutt gefiltert, Urin produzéiert a goufen net direkt vum mënschleche Kierper ofgestouss, wat wichteg wier, sou d'University of Alabama. Den Dekan vun der Universitéit huet an deem Kader vun enger "bemierkenswäerter Errongenschaft fir d'Mënschheet" geschwat an engem Fortschrëtt um Gebitt vun der Xenotransplantatioun. Xenotransplantatioun ass de Fachbegrëff fir d'Transplantatioun vun Organer vun enger anerer Spezies; konkret vun Déier op Mënsch.

D'Operatioun gouf schonn zejoert am September duerchgefouert. Fir d'Transplantatioun goufen d'Niere vun engem gen-verännerte Schwäi benotzt. Duerch d'genetesch Verännerunge wollt ee verhënneren, datt de mënschleche Kierper d'Niere vum Déier ofstéisst. D'Resultater vun der Etüd goufen elo an der Fachzäitschrëft "American Journal of Transplantation" verëffentlecht.

Am September 2021 ass et Medezinner vun der New York University gelongen, eng Schwéngsnier un en "gehierdoudegen" Patient unzeschléissen. Se gouf also net an de Kierper vum Mënsch transplantéiert, mä um Bee vum Patient mat de Bluttgefäässer verbonnen.

En aneren erfollegräichen Agrëff am Beräich vun der Xenotransplantatioun gouf et viru Kuerzem. Hei haten US-Medezinner vun der University of Maryland eng éischte Kéier an der Geschicht erfollegräich e Schwéngshäerz an e Patient agesat. Dräi Deeg no der Operatioun hat d'Universitéit wësse gedoen, datt et dem Mann géing gutt goen. Anescht wéi bei den Operatioune vun der New York University a University of Alabama gouf den Agrëff hei net bei engem "gehierdoudegen" Patient duerchgefouert.

Wéinst dem Manktem un Organspender setzt d'Fuerschung ëmmer méi op Xenotransplantatiounen. Wéinst hirer Gréisst, hirem séiere Wuesstem an hire gudden Zuucht-Eegeschafte gëlle Schwäin als ideal Déieren, fir Organer ze spenden.