Am Ghana koum et en Donneschdeg zu enger Explosioun vun engem Camion, dee mat Sprengstoff beluede war. Dat duerch eng Kollisioun mat engem Motorrad.

De Camion war eigentlech um Wee fir an eng Minn, wéi e mat engem Moto zesummegestouss war. Bei der Explosioun sinn op d'mannst 17 Mënsche gestuerwen an 59 Leit blesséiert ginn. Déi enorm Detonatioun huet e risege Krater hannerlooss an Dosende Gebaier ganz oder zum Deel zerstéiert. Vun den 59 Blesséierte ginn 42 a Spideeler traitéiert, "verschiddener wieren an engem kriteschen Zoustand".

Vun der AFP iwwerpréiften Opname weisen, wéi Awunner op d'Feier an den Damp duerlafen, fir sech d'Schied unzekucken, wärend Rettungsforcë probéieren Iwwerliewender ze fannen a Läichen ze biergen. Dem Ministère no deiten éischt Unzeechen op en Accident hin, un deem de Camion, dee Sprengstoff fir eng Biergbaufirma transportéiert huet, e Moto an en drëtt Gefier bedeelegt waren.

RTL