Mat enger éischter aussergewéinlecher Doleance huet sech eng amtsbekannte Fra iwwer Telefon bei der Police op der Gare zu Koblenz gemellt.

Well géint si e Mandat d'arrêt ausgeschriwwe war, huet si der Police ugeruff, fir sech festhuelen ze loossen. Si hätt keng Loscht méi op Flucht a wier den Ament bei der Caritas, wou si op d'Police géing waarden.

Kuerz drop hunn d'Beamten déi 35 Joer al Fra tatsächlech sur Place ugetraff. Eng Kontroll huet déi matgedeelten Informatioune confirméiert. Si hätt sech dem Parquet vu Koblenz wéinst Violation de domicile a Beleidegung misse presentéieren, war awer ouni Excuse net bei der Audienz dobäi.

No Récksprooch mat der zoustänneger Riichterin gouf si direkt dem Amtsgeriicht Koblenz virgefouert. Enger Deliberatioun no muss déi Beschëllegt sech elo dräi Mol d'Woch bei der Police zu Koblenz mellen.