Déi ugespaante Situatioun op der russesch-ukrainescher Grenz weist keng Unzeechen, sech deemnächst nees ze calméieren.

D'USA hunn elo nei Militärhëllef an d'Ukrain geschéckt. An der Nuecht op e Samschdeg ass en Cargofliger vum US-Militär mat enger Charge vu ronn 90 Tonnen, dorënner och Munitioun "fir Verdeedegung vun der Front", zu Kiew gelant. Dat huet d'US-Ambassade zu Kiew op Twitter matgedeelt.

Nieft den USA hunn an de leschte Wochen an Deeg och Groussbritannien, Estland, Lettland a Litauen ënnert anerem Munitioun, a Systemer fir d'Ofwier vu Panzer a Loftugrëff an d'Ukrain geliwwert. Russland huet de Weste schonn e puer mMol opgefuerdert, d'Ukrain net méi militäresch ze beliwweren. Dëst géing d'Tensioune klamme loossen. De Weste fäert awer, datt Russland d'Ukrain kéint ugräifen. Ronn 100.000 russesch Zaldote sinn den Ament un der Grenz stationéiert.