An Däitschland ass de Wirtschaftspolitiker Friedrich Merz e Samschdeg zum neie Parteivirsëtzende gewielt ginn.

Op dem digitale Parteidag hunn 915 vun am Ganzen 983 Delegéierten deem 66 Joer ale Politiker hir stëmm ginn. Mat den Enthalungen erausgerechent sinn dat 94,62 Prozent vun de Stëmmen. D'Decisioun muss awer nach mat de Resultater vun der Bréifwal confirméiert ginn. Als neien CDU-Generalsekretär huet de Freidrich Merz de Mario Czaja virgeschloen.