Zwee Deeg virun de Presidentiellen an Italien huet sech de fréiere Regierungschef aus der Course ëm de Poste vum Staatschef zeréckgezunn.

Bei engem Online-Treffe mat anere rietsorientéierte Spëtzepolitiker huet de 85 Joer ale Politiker e Samschdeg gesot, datt hien zwar Chancen op d'Amt hätt, ma am Geescht vun der "nationaler Verantwortung" hätt hien déijéineg, déi hie fir d'Walen opgestallt haten, gebieden, säin Numm vun der Kandidatelëscht ze huelen.

Dem Berlusconi no bréicht d'Land an Zäite vun der Corona-Pandemie Eenegkeet. "Ech wäert mengem Land weider déngen", sou nach de Milliardär.

De Berlusconi hat an de leschte Woche Walkampf bedriwwen, fir de Sergio Mattarella als Staatschef ofzeléisen. Experten hunn awer kaum Chancë gesinn, datt de fréiere Regierungschef d'Wale gewanne kéint.

Favorit ass elo weiderhin de Premier Mario Draghi.

De Poste vum italienesche Staatschef ass kee Formellen. De President huet duerchaus Muecht a kann zum Beispill Gesetzer verhënneren, Ministeren nennen oder verhënneren, an och d'Parlament opléisen an Neiwale lancéieren.

E Méindeg gëtt an Italien gewielt.