Bei engem Camionsaccident an der Géigend vun Danville e Freidegnomëtteg Lokalzäit si 4 vu ronn 100 Afen aus dem Gefier entwëscht.

Dräi Déiere konnt d'Police afänken, no engem véierte gëtt nach gesicht.

De Camion mat den Afen war um Wee bei e Labo a Florida wéi en e Poubelleswon ze pake krut. D'Police warnt, et soll een d'Déier op kee Fall selwer afänken oder op d'Sich goen. D'Police ass mat Helikopteren a Wärmebildkameraen  ënnerwee.

Dës Zort Makacken kënnen der "New York Times" bis zu 10.000 Dollar (8.800 Euro) kaschten a si besonnesch an der Corona-Impfstofffuerschung immens gefrot. A Gefaangenschaft ginn dës Afen bis zu 30 Joer al.