Den Täter huet zu Heidelberg an engem Auditoire mat enger Waff ëm sech geschoss. Eng 23 Joer al Fra ass am Spidol un hire Blessure gestuerwen.

Den Täter soll selwer Student gewiescht sinn. Éischten Erkenntnisser no hätt hien net aus politeschen oder reliéise Grënn gehandelt. Aus Sécherheetskreesser heescht et iwwerdeems, datt hien no der Dot geflücht wier a sech du selwer erschoss hätt.

D'Police mellt, datt hie sech d'Waffen réischt kuerz virun der Dot am Ausland kaf hätt. Hien hätt an enger leschter Noriicht op WhatsApp geschriwwen, hie "misst Leit bestrofen" a wënscht sech eng "Seebestattung".

Am perséinlechen Ëmfeld vum Täter sichen d'Enquêteure weider nom eigentlechen Ausléiser vu senger grausamer Dot.

4 Persoune goufe schwéier verwonnt. Eent vun den Affer, eng Studentin, ass e Méindeg de Mëtteg am Spidol un hire Blessure verscheet. Wéi däitsch Medie schreiwen, hätt den Täter hir an de Kapp geschoss.

Fakultéiten, Deeler vun der Universitéitsklinik an de botanesche Gaart.

Police Mannheim informéiert iwwert Policeasaz