D'US-Autoritéiten hunn e Mëttwoch all d'US-Bierger an der Ukrain opgefuerdert, d'Land sou séier wéi méiglech ze verloossen.

D'Lag an der Ukrain bleift weider ugespaant. D'Gefor, datt et eng russesch Invasioun géing ginn, wier grouss, esou d'US-Autoritéiten. Déi amerikanesch Vize-Ausseministesch Wendy Sherman huet e Mëttwoch gesot, si géing mat engem russeschen Ugrëff bis Mëtt Februar rechnen.

RTL

Déi amerikanesch Vize-Innenministesch Wendy Sherman. / © afp

En héije Vertrieder vum russesche Parlament huet e Mëttwoch iwwerdeems den Appell gemaach, datt d'russesch Separatisten am Oste vun der Ukrain sollte mat Waffe beliwwert ginn.