De 27. Januar 1945 hunn d'Zaldote vun der Rouder Arméi déi Iwwerliewend vum KZ-Auschwitz befreit. Och 77 Joer dono gedenkt een international den Affer.

Impfgéigner, déi mam Juddestär géint d'Coronapolitik manifestéieren, Verschwörungstheoretiker, déi vun engem "pass nazitaire" schwätzen, an Dokteren, déi fir d'Impfung an déi sanitär Restriktiounen antrieden, déi als "Corona-Nazi" a "Schüler vum Dokter Mengele" bezeechent ginn. An der Pandemie hu Verharmlosunge vum Holocaust och zu Lëtzebuerg zougeholl. Um Holocaust-Gedenkdag  haut nennt déi international Vereenegung vum Jiddesche Weltkongress (WJC) déi sanitär Kris e "Brandbeschleuneger fir Antisemitismus".

Ënnert dem Deckmantel vu vermeintlecher Kritik un de Coronamesurë wier Antisemitismus nach méi gesellschaftsfäeg ginn, kritiséiert de President Ronald Lauder an der däitscher Press. "Mir dierfen antidemokratesch Tendenzen net ënnerschätzen", warnt d'Associatioun Memoshoah en Donneschdeg am Kader vum internationalen Holocaust-Gedenkdag, deen zanter 77 Joer de 27. Januar un d'Befreiung vum Konzentratiounslager zu Auschwitz-Birkenau erënnert.

Eleng an deem KZ sinn am Ganzen 1,1 Millioune Mënschen, dorënner méi wéi 900.000 Judden am Zweete Weltkrich ermort ginn. Am Ganze sinn op d'mannst 5,7 Millioune Judden a 500.000 Sinti a Roma der Nazi-Ideologie zum Affer gefall. Fir de President vun der "Fondation luxembourgeoise pour la mémoire de la Shoah" Laurent Moyse bleift den Holocaust-Gedenkdag besonnesch haut an eiser schnelllieweger Zäit e symbolesch wichtegen Dag fir ëmmer rëm drun z'erënneren, wat am Zweete Weltkrich geschitt ass a firwat.

An enger Zäit, an där weltwäit Juddenhaass a Friemefeindlechkeet, grad wéi radikalnationalistescht Gedankegutt nees zouhuele géifen, wier et méi dréngend wéi jee, fir duerch Opklärungsaarbecht an Erënnerung un den Holocaust besonnesch deene jonke Generatiounen ze weisen, wat geschitt, wann déi humanistesch Wäerter net méi héich gehale ginn an Empathie zu enger Schwächt deklaréiert gëtt, esou d'Memoshoah, déi et sech zu Lëtzebuerg zur Aufgab gemaach hunn, fir bei der Opklärung matzehëllefen. Um Holocaust-Gedenkdag appelléiert d'ASBL un d'Politik Verantwortung z'iwwerhuelen an déi antidemokratesch an antihumanistesch Tendenzen, déi am Gaang wieren opzekommen net z'ënnerschätzen.

Zu Lëtzebuerg gouf ënnert anerem mat enger symbolescher Gedenkaktioun an der Chamber un déi méi wéi 1.300 Judden hei aus dem Land erënnert, déi an der Shoah ëmkomm sinn. D'Zuele variéieren awer bis haut, esou de Laurent Moyse. Et wier nämlech nach ëmmer net ofschléissend gekläert wéi vill Judde genee, zum Beispill aus dem fréiere Klouschter Fünfbrunnen, hei aus dem Land deportéiert goufen. Sécher wier, déi jiddesch Communautéit hätt en héijen Tribut bezuelt.

Am däitsche Bundestag ass haut och an der traditioneller feierlecher Gedenkstonn un d'Affer vum Nationalsozialismus erënnert ginn. D'Inge Auerbacher, déi mat hirer Famill als klengt jiddescht Meedchen deportéiert gouf, huet hir perséinlecht Schicksal erzielt a gewarnt.

Ënner Tréinen a mat enger ziddreger Stëmm huet den israelesche Parlamentspresident Mickey Levy, deen och en Donneschdeg och invitéiert war,  virun den däitschen Deputéierten um Enn vu senger Ried dat jiddescht Doudegebiet "Kaddisch" virgelies a fir déi sechs Millioune Verstuerwe gebiet.