Eng schwaarz Fra um Ieweschten US-Geriichthaff, dat gouf et nach ni. Den aktuellen US-President wëll domat e Walverspriechen anhalen.

Op en Numm huet den Joe Biden sech nach net festgeluecht, mä seng Kandiatin wäert eng "exzeptionell Qualifikatioun" hunn. D'Nofolleg vum Verfassungsriichter Breyer soll bis Enn Februar gekläert sinn.

Déi 9 Riichter ginn ëmmer op Liewenszäit genannt. De Choix ass och ëmmer héich politesch.