Zwee verschidde Waffesystemer wiere gepréift ginn, heescht et vu Pjöngjang.

Op Fotoen, déi vun der staatlecher Noriichtenagence publizéiert goufen, ass de Staatschef Kim Jong Un bei der Inspektioun vun enger Munitiounsfabrick ze gesinn. Als Argument fir de Rakéiteprogramm gëtt weiderhin eng potentiell Menace duerch d’USA genannt.