Duerch dëst Urteel kéint de Kreml-Kritiker fir weider 9 Joer an de Prisong goen, wéi et vun der Riichterin Margarita Kotova heescht.

E Geriicht an enger Strofkolonie ëstlech vu Moskau huet déi zousätzlech Prisongsstrof en Dënschdeg géint de 45 Joer ale Oppositionellen verhaangen, nodeems hie wéinst Verontreiung a Mëssuechte vum Geriicht an engem fréiere Verfaren fir schëlleg gesprach gouf. Eng Strof ënner ganz strenge Konditiounen wéi et vun der Riichterin heescht.

Onkloer ass, ob déi 9 Joer nach zu den 2 an en halleft Joer Prisongsstrof wéinst Bedruch dobäikënnt, déi den Nawalny schonn ofgesiess huet.

Déi nei Uklopunkte bezeie sech op Virwërf, deemno den Nawalny u seng politesch Organisatioune bezuelte Spendegelder an Héicht vun e puer Milliounen Euro fir perséinlech Zwecker genotzt soll hunn. Den zweete Virworf bezitt sech op e fréiert Verfaren. Do soll den Nawalny d'Geriicht net respektéiert hunn an d'Riichterin ugejaut hunn.

Den Nawalny a seng Affekote weisen d'Virwërf zeréck a schwätze vu "politescher Verfolgung".

Den Alexeï Nawalny sëtzt jo schonns zanter ronn engem Joer a Russland am Prisong. Vu ville Säite gëtt kritiséiert, datt déi Prozesser all politesch motivéiert wieren, fir de russeschen Oppositiounspolitiker roueg ze stellen.