Wéinst dem Krich an der Ukrain huet d'Nato dem Generalsekretär Jens Stoltenberg säi Mandat ëm ee Joer verlängert.

U sech hätt den Norweger säi Posten Enn September 2022 misste raumen, elo leeft d'Mandat awer nach bis den 30. September 2023. Dat huet d'Nato um Bord vum Sommet matgedeelt.

De Jens Stoltenberg huet op Twitter geschriwwen, hie géif sech vun der Decisioun vun de Regierungscheffen vun den Nato-Länner geéiert fillen. Den Norweger hat nach am Februar annoncéiert, no senger Zäit an der Nato als Chef un déi Norwegesch Zentralbank wëllen ze goen.