Et gi Saachen, déi faszinéieren d'Mënschen op der ganzer Welt, an dozou zielen Diamanten.

Op der neister Stee ginn zwee extra déck Vertrieder beim Auktionshau's Christies zu Genf ugebueden.

The Rock ass mat 228 Karat dee gréisste wäissen Diamant, dee jee op eng Stee koum. Fir 18,6 Millionen Schwäizer Frang gouf den Diamant e Mëttwoch den Owend versteet. Wiem d'Faarf net gefält, konnt och fir e giele Vertrieder bidden – de Rout-Kräiz-Diamant. En 205 Karat-Diamant gouf schonn emol versteet, 1918 nom 1 Weltkrich zu London. 10.000 Pond hat deen deemools abruecht an e groussen Deel vun der Verkafszomm, geschätzt 10 Millioune Schwäizer Frang, sollen un den internationale Comité vum Roude Kräiz goen. Fir d'Auktiounshaus Christies, dat et ëmmerhin schonn 256 Joer gëtt a scho vill eedel Stecker presentéiert huet, war dës Stee nawell eng ganz aussergewéinlech. Zanter der Pandemie huet dëse Marché elo och rëm staark ugezunn, d'Präisser sinn esou héich wéi zanter 7 Joer net méi. D'Sanktioune géint Russland spillen do och eng Roll, e groussen Deel vun den Diamante kommen nämlech vun do an déi feelen lo um Marché, wat d'Präisser och eropdréckt.