De finnesche President Sauli Niinistö an d'Ministerpresidentin Sanna Marin hu sech fir en Nato-Bäitrëtt vun hirem Land ausgeschwat.

An enger gemeinsamer Erklärung si si fir eng direkt Memberschaft an der westlecher Militärallianz. Et gëtt elo domat gerechent, dass Finnland sech an den nächsten Deeg fir eng formell Bäitrëttsufro decidéiere wäert. Déi offiziell Demande kéint scho fir e Sonndeg sinn, se muss virdrun nach am Parlament guttgeheescht ginn. Leschte Sondagen no sinn iwwer 3 Véierel vun de Finne fir een Nato-Bäitrëtt.

Finnland ass scho Partner vun der Nato, awer nach keen offizielle Member. Zanter dem russeschen Amarsch an der Ukrain huet dat am Land eng Bäitrëttsdebatt ausgeléist, déi wéi et schéngt, elo decidéiert ass. En Nato-Bäitrëtt géif d'Sécherheet vum Land an och déi komplett Allianz stäerken. Fir Finnland, dat eng méi wéi 1.300 Kilometer laang Grenz zu Russland huet, ass esou eng Decisioun historesch.

Ier d'Land an der Nato opgeholl gëtt, musse sämtlech 30 Memberen zoustëmmen. Den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg hat zulescht e puer Mol ugedeit, dass et bannent der Allianz e groussen Zousproch gëtt.

Fir Schweden erhéicht sech elo natierlech den Drock. D'Regierung hat um Reichstag zu Helsinki schonn am Abrëll eng Sécherheetsanalys presentéiert, an där Virdeeler a Risike vun engem méiglechen Nato-Bäitrëtt beliicht ginn, eng Positionéierung, fir oder géint esou eng Memberschaft, awer net. Och Schweden ass Partner vun der Nato, ma wéi Finnland nach keen offizielle Member.