An der kanadescher Haaptstad Ottawa hu sech en Donneschdeg e puer Dausend Mënschen zesummefonnt, fir géint d'Recht op Ofdreiwung ze demonstréieren.

D'Demonstranten, déi dëse Protest all Joer ofhalen, hu sech virum kanadesche Parlament versammelt, wou se Plakater mat Opschrëfte wéi "Biet fir een Enn vun den Ofdreiwungen" an d'Luucht gehalen hunn. Hinnen hu sech allerdéngs och Géigendemonstranten, virun allem jonk Fraen entgéint gesat.

Hannergrond vun der Demonstratioun ass déi aktuell Ofdreiwungsdebatt an den USA, wou den ieweschten US-Geriichtshaff dat landeswäit Recht op Ofdreiwungen ofschafe kéint. Der Noriichtenagence AFP géigeniwwer huet eng Participantin vun der Demonstratioun geäussert, eng däraarteg Decisioun an den USA kéint och a Kanada Wierkung weisen. Vill Mënschen hätte laang dofir gebiet.

D'Recht op Ofdreiwung ass a Kanada, wéi och an den USA, net ausdrécklech duerch ee Gesetz garantéiert. Zanter 1988 sinn d'Beschränkunge vun Ofdreiwungen allerdéngs duerch een Urteel vum ieweschte Geriichtshaff opgehuewen. Déi kanadesch Regierung ënnert dem Premierminister Justin Trudeau huet ugekënnegt, d'Recht op Ofdreiwung ze verdeedegen a méiglecherweis och duerch ee Gesetz festzeschreiwen. Op enger Pressekonferenz sot den Trudeau, Frae weltwäit wieren "immens besuergt doriwwer, dass bedeitend Progrèse puncto Fraerechter rëm réckgängeg gemaach ginn".

Wann d'Recht op Ofdreiwung an den USA effektiv sollt gekippt ginn, kéinten déi eenzel US-amerikanesch Bundesstaate selwer decidéieren, ob se Ofdreiwunge verbidden oder den Zougang zu hinnen aschränken. Et ass ze erwaarden, dass ronn d'Hallschent vun de 50 "States" dëst maache géingen.