
Iwwerschwemmungen an Australien am Februar 2022 / © AFP/SAEED KHAN
Ronn zwee Méint no de katastrophalen Iwwerschwemmungen un der australescher Ostküst, stinn Deeler vum Bundesstaat Queensland nees komplett ënner Waasser.
D'Meteo-Servicer ginn dovunner aus, datt et méi laang reene wäert, wéi Uganks erwaart. D'Bevëlkerung gouf deementspriechend scho vun den Autoritéite gewarnt.
Australien leit besonnesch ënnert dem Klimawiessel. Schonn am Februar a Mäerz koum et souwuel a Queensland wéi och am Bundesstaat New South Wales zu Iwwerschwemmungen, bei deene méi wéi 20 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn.
Am meeschte gelies