De Vulkanausbroch op Tonga war dee gréisste vu senger Aart zanter dem Ausbroch vum Krakatau am Joer 1883. Deemools sinn iwwer 36.000 Mënschen ëmkomm.

D'Drockwell vum Vulkanausbroch op Tonga am Ufank vum Joer huet sech mat enger Vitess vu ronn 1.100 Stonnekilometer ausgebreet an huet bannent 6 Deeg 4 Mol den Tour vun der Äerd gemaach. D'Stäerkt vun där Eruptioun ass mam legendäre Krakatau-Ausbroch tëscht den indoneseschen Insele Sumatra a Java vun 1883 vergläichbar. Dat huet eng weltwäit Etüd erginn.

Den Ausbroch vum Hunga Tonga-Hunga Ha'apai de 15. Januar am Südpazifik gehéiert deemno zu den heftegsten an de leschten 2.000 Joer. Am Ganzen hunn 76 Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler aus 17 Länner hir Fuerschungsresultater zesummegedroen. Déi an der Fachzäitschrëft "Science" verëffentlecht Etüd baséiert op den Date vun dausende vu Miess-Systemer weltwäit.

D'Fuerscher hunn erausfonnt, dass déi heftegst Well, déi vum Vulkanausbroch ausgeléist gouf, eng sougenannt Lamb-Well war: dat ass e Phenomen, dat nëmme bei staarken, explosive Eruptiounen ze beobachten ass. Dës Well huet donieft e sougenannte Meteotsunami ausgeléist, déi virum eigentlechen Tsunami entstinn. Ausléiser vun dëse Mini-Tsunamie si kuerzperiodesch Loftdrockschwankungen.

Beim Ausbroch am Januar sinn an engem wäiten Ëmkrees am Pazifik Äschen a sauere Ree gefall. En Duerf op der Insel Mango gouf komplett zerstéiert, iwwerdeems a villen aneren Dierfer, déi iwwert de kompletten Archipel verstreet sinn, just nach e puer Haiser iwwereg bliwwe sinn. D'Eruptioun huet souguer un de vu Küste vu Japan bis an d'USA Flutwellen verursaacht.