Nom Doud vun enger Journalistin vun Al Jazeera am Westjordanland e Mëttwoch ass der israelescher Arméi no nach net gekläert, vu wiem d'Fra erschoss gouf.

Engem preliminäre Rapport, dee public gouf, no wier et nach net méiglech gewiescht ze determinéieren, wien d'Reporterin erschoss huet.

En Aenzeien, en AFP-Fotograf, hat gesot, si wier vun der israelescher Arméi ëmbruecht ginn. Israel ass der Press no virum Begriefnes vun der Journalistin en Alerte.

Et ass um Freideg schonn zu Gewaltzeene komm, wéi d'Luet d'Spidol verlooss huet. Op Biller vum Sender Palestine TV ass ze gesinn, wéi d'Luet bal op de Buedem fält, wärenddeem d'israeelesch Police eng Usammlung vu Mënschen auserneegedriwwen huet, déi mat palestinensesche Fändele virun der Klinik waren.