Déi israelesch Autoritéiten haten dës Woch de Bau vu 4.000 Wunnenge fir jiddesch Siidler am besate Westjordanland geneemegt.

15 europäesch Länner, dorënner och Lëtzebuerg, hunn Israel opgefuerdert, Pläng fir weider Siidlungen am Westjordanland falen ze loossen - dës géingen den nohaltege Fridden tëschent Israelien a Palestinenser verhënneren.

En Donneschdeg war bekannt ginn, datt Israel weider iwwer 4.000 weider Wunnenge fir Siidler am besate Westjordanland baue wéilt.

Am gemeinsame Schreiwes vun den Ausseminister e Freideg heescht et, d'israelesch Siidlunge wieren eng kloer Violatioun vun internationalem Recht a stéingen am Wee vun engem faire Fridden.

Bal 700.000 Israelien hu sech zanter 1967 a Siidlungen am Westjordanland néier gelooss, de Gros vun der internationaler Communautéit gesäit dat als illegal un. Nieft Lëtzebuerg hunn och Frankräich, d'Belsch, Dänemark, Finnland, Polen, Däitschland, Griicheland, Irland, Italien, Malta, Holland, Norwegen, Spuenien a Schweden den Appell un déi israelesch Regierung ënnerschriwwen.