D'Tierkei schéngt net ganz domadder d'accord, dass Finnland a Schweden sollen an d'Nato opgeholl ginn.

De President Erdogan huet gemengt, dass sech a skandinavesch Länner vill Terrororganisatioune néier loossen. Schonn zanter laangem beschëllegt d'Tierkei déi nordesch Länner, näischt géint extremistesch kurdesch Gruppen ze maachen.

Déi finnesch Regierung hat dës Woch ugekënnegt, eng Demande wëllen anzereechen. Eng änlech Decisioun gëtt sech nach de Weekend vu Schweden erwaart.

Fir dass en neit Land an d'Nato kann opgeholl ginn, mussen awer alleguerten d'Memberlänner averstane sinn, wat jo mat Objektioun vun der Tierkei elo dierft schwéier sinn.