Am Zentrum vun Hanau goufen e Mëttwoch de Moien ee siwe Joer alt Meedchen an säin eelef Joer ale Brudder dout opfonnt.

D'Meedche war um Balcon vun engem Héichhaus fonnt ginn, mat Wonne vun engem spëtze Géigestand um Hals. De Jong war am Bannenhaff vum Héichhaus fonnt, ginn, nodeems hie wuel aus grousser Héicht gefall war. Hien ass kuerz Zäit drop mat schwéieren ënnere Blessuren an der Klinik gestuerwen.

Hire Papp stoung ënnert dem dréngende Verdacht, d'Dot begaangen ze hunn a gouf vun der Police gesicht. E Samschdeg de Moie konnt de 47 Joer ale Mann an der Géigend vu Paräis fonnt ginn a gouf op der Plaz festgeholl, wéi de Parquet zu Hanau e Samschdeg matdeelt. De Mann hätt sech net gewiert, mee och näischt zu der Dot gesot. Géint de Papp gëtt wéinst Mord ermëttelt.

De Parquet geet dovunner aus, datt de Mann an e puer Wochen un Däitschland ausgeliwwert gëtt an dem Ermëttlungsriichter virgefouert wäert ginn.