Bei de Parlamentswalen am Libanon soll de politesche Lager ronderëm déi schiitesch Hisbollah-Partei Verloschter verzeechent hunn.

Éischte Resultater no konnt d'Hisbollah all hir Mandater halen, allerdéngs soll hir alliéiert chrëschtlech Partei "Fräi patriotesch Beweegung" ënnert dem libanesesche President Michel Aoun, Verloschter verzeechent hunn. De Lager vun de Reformer soll dogéint méi staark aus de Walen ervirgaange sinn. D'Partei "Forces Libanaises" konnt Sëtzer dobäi gewannen a gëllt domat lo als eng vun de gréisste chrëschtleche Parteien.

Och hunn eng ganz Rei Oppositiounsparteie staark ofgeschnidden. De Lager vun de Reformer kéint mat deenen nei gewonnene Sëtzer wichtegen Afloss op d'Politik vum Land gewannen. Ob d'Hisbollah an hir alliéiert Parteie weiderhin eng Majoritéit am Parlament hale kënnen, wäert sech am Verlaf vum Méindeg weisen.

Wärend de Walen, bei deenen d'Bedeelegung bei nëmmen 41% louch, goufen eng ganz Partie gewaltsam Tëschefäll gemellt. Sou solle Representante vun ënnerschiddleche Parteien a Wallokaler ugegraff, geschloen an aus de Lokaler rausgeheit gi sinn.

D'Muecht an der politescher Landschaft vum Libanon ass zanter laangem schonn ënnert de gréisste reliéise Gruppen opgedeelt. De President ass deemno traditionell ee maronitesche Chrëscht, de Regierungschef ee sunnitesche Moslem an de Parlamentspresident ee schiitesche Moslem. Duerch dëse System hunn net-reliéis Parteie kaum Chancen op Succès bei de Walen. Aktuell ass d'Hisbollah-Partei mat hiren Alliéierten an der Majoritéit.

De Libanon duerchlieft am Moment eng vu senge schlëmmste Krisen zanter dem Biergerkrich vu 1990. Méi wéi 80% vun der Bevëlkerung gi vun der UNO als aarm klasséiert.