Déi lescht unerkannte Rebellegrupp aus Kolumbien huet am Kader vun de Presidentschaftswalen den 29. Mee eng Wafferou vum 25. bis 4. Juni ugekënnegt.

Wéi déi marxistesch-orientéiert ELN erkläert huet, soll d'Decisioun getraff gi sinn, fir eng "besser Atmosphär ze schafen, fir ze gesinn wien de Gewënner ass". Ugrëffer op déi kolumbianesch Police si mat der Wafferou ausgeschloss, allerdéngs behält ee sech weiderhin d'Recht op Selbstverdeedegung, falls ee sollt ugegraff ginn.

Zanter der Ënnerzeechnung vun engem Friddensofkommes tëschent der kolumbianescher Regierung an der Rebellenorganisatioun FARC ass d'ELN déi lescht unerkannt Rebellegrupp am Land. Friddensverhandlunge goufen och vum fréiere kolumbianesche President Juan Manuel Santos mat der ELN gefouert, dës goufen awer vu sengem Nofollger, dem Ivàn Duque, rëm ofgebrach, nodeems ee Bommenuschlag vun der ELN op eng Policeschoul 20 Doudeger gefuerdert huet.

D'ELN gouf 1964 no der kommunistescher Revolutioun a Kuba gegrënnt a soll iwwer 2.500 Kämpfer an hire Reien hunn. Si finanzéiert sech virun allem duerch den Handel mat Drogen.

Bei der Wal vum 29. Mee gëllt den lénken Senateur a fréiere Buergermeeschter vu Bogota, Gustavo Petro, als Favorit. Och hie war fréier Member vun enger Guerilla-Grupp an huet ugekënnegt, mat de Rebellen schwätzen ze wëllen, wann hie sollt gewielt ginn.