Scho virum Ukrain-Krich hu weltwäit vill Mënschen un akutem Honger gelidden. De Welternierungsprogramm vun der UNO mécht sech grouss Suergen.

D'Situatioun ass katastrophal, eng gestanen Organisatioun wéi de Welternierungsprogramm vun de Vereenten Natioune mécht sech Suergen. Hongersnéit gouf et der an de leschte Jore vill, dat wou een aktuell erlieft, hätt eng aner Dimensioun. Knapp 300 Millioune Mënsche leiden un akutem Honger, esou de Martin Frick vum Welternierungsprogramm.

Mëttel- a laangfristeg misst een et fäerdeg bréngen, datt d'Ernierungssécherheet an dëse Länner gestäerkt gëtt a lokal a regional genuch Liewensmëttel produzéiert kënne ginn, esou de Robert Kohll vu Caritas Lëtzebuerg.

Hëllefsorganisatioune ginn dovun aus, datt dëst Joer ee schwieregt gëtt. Dat ganzt Ausmooss vum Krich wäert ee réischt 2023 spieren. Aktiv ass een a Krisesituatiounen, fir do Liewensmëttel ze verdeelen. Laangfristeg misst een de Baueren hëllefen, eng aner Landwirtschaft ze bedreiwen.

Lëtzebuerg gëtt 1 Prozent vu sengem Bruttoinlandprodukt fir Entwécklungshëllef aus a schafft och enk mam Welternierungsprogramm zesummen, wann d'Kris nach méi akut géif ginn, kéint d'Lëtzebuerger Regierung zousätzlech Suen aus dem humanitäre Budget mobiliséieren, esou de Franz Fayot Minister fir Entwécklungshëllef.