Déi infizéiert Persoun an der Belsch huet sech beim Institut fir Tropemedezin zu Antwerpen gemellt. Si wär net krank, heescht et.

Hir Kontakter ginn elo iwwerpréift. D’Afepouke sinn anscheinend schonn eng Zäit onbemierkt an de westleche Länner ënnerwee. En Donneschdeg goufen e puer Fäll an Europa an an Nordamerika public. Do waren z.B. 30 Fäll a Spuenien gemellt ginn, 23 a Portugal oder och nach Fäll a Schweden oder Groussbritannien.

Däitschland huet zanter e Freideg dann och en éischte Fall. Dat huet d'Institut fir Mikrobiologie vun der Bundeswehr zu München matgedeelt. De Virus gouf bei engem Patient nogewisen.

Afepouken, eng Viruserkrankung déi den Ament vereenzelt an Europa nogewise gouf, zu Lëtzebuerg gëtt et nach kee Fall, och Verdachtsfäll goufen nach keng gemellt. Souwuel d’Santé wéi och de CHL sinn am Gaang, sech fir den Eeschtfall ze preparéieren. Grouss Suerge misst een sech den Ament net maachen.

Et ass déi éischte Kéier, datt bannent Europa Infektiounskette mat den Afepouken nogewise goufen, ouni datt eng Verbindung zu West- oder Zentralafrika besteet. Den Numm huet de Virus well en 1958 eng éischte Kéier bei engem Makacken-Af fonnt gouf. De Reservoir sinn am Prinzip Nagedéieren.

Eng 100 méiglech Fäll gëtt et den Ament. D’Situatioun wier ganz dynamesch, esou de Joël Mossong, Epidemiolog Direktioun vun der Santé.

"Mir gi schonn dovun aus, datt Zuel vun de Fäll an de Nopeschlänner wäert an d’Luucht goen. Ob mer herno Fäll zu Lëtzebuerg hunn, dat gesi mer, dat kann ee lo net viraus gesinn. Mee mir si preparéiert fir de Fall wou."

Och de Service vun den ustiechende Krankheeten am CHL ass preparéiert Patienten opzehuelen. D’Weltgesondheetsorganisatioun réit d’Dokteren an d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren. De Prof. Dr. Markus Ollert, Direkter vum Departement fir Infektioun an Immunologie beim LIH:

"Mir hunn hei ee Virus, dee schwéier krank maache kann, dee schwéier Hautausschléi kann ervir ruffen, wéi all Pouke-Viren dat kënne maachen. Et kënnen awer och aner Symptomer ervir geruff ginn, wéi Féiwer oder Schüttelfrost. An der Reegel ass de Virus awer net déidlech."

Déi meescht Persoune sinn no e puer Wochen nees gesond, e Grond fir Panik ze maache gëtt et net. Den Haaptinfektiounswee ass iwwer Kierperflëssegkeeten.

De Joël Mossong: "Et muss ee ganz enke Kontakt hu mat Leit respektiv Déieren, déi mam Virus befall sinn, fir de Virus ze kréien. Dat huet elo näischt méi mam Covid ze dinn."

Den Ament gëtt et keng spezifesch Medikamenter fir d’Krankheet ze behandelen. Persounen, déi géint Pouke geimpft sinn, dierften och eng Immunitéit géint Afepouken hunn. Enn de 70er ugangs den 80er gouf d’Poukenimpfung awer agestallt.

Sech elo ze impfen, géif kee Sënn maachen. Et misst een an den nächste Wochen d’Situatioun am A behalen. Den Ament halen Experten e groussen Ausbroch fir wéineg warscheinlech.

Wien en Ausschlag mat Blosen huet, soll sech beim CHL mellen.

D’Leit bräichte keng Angscht virun der Krankheet ze hunn. Et hätt ee meeschtens just liicht Symptomer.

Wéi d’Afepouken sech genee iwwerdroen, muss nach gekläert ginn. Sexuell Kontakter bei Männer solle mol eng Roll spillen.

Et ginn zwee Haaptstämm vun Erreeger, wouvunner een däitlech méi déidlech ass wéi deen aneren. Beim Kongo-Stamm läit de Stierflechkeetstaux bei 10 Prozent. Beim westafrikaneschen Stamm läit deen Taux ongeféier bei 1 Prozent.

Unzeeche fir Infektioun

Als éischt Unzeeche fir eng Infektioun gëlle Féiwer, Kappwéi, Péng an de Muskelen a Réckwéi, geschwolle Lymphkniet, Schüttelfrost a Middegkeet. Et ka sech en Ausschlag entwéckelen, deen dacks vum Gesiicht ausgeet a sech dann op aner Kierperdeeler ausbreet. Den Ausschlag gesäit anescht aus, jee nodeem a wéi enger Phas ee sech befënnt.

Et gëtt keng spezifesch Therapie a keng Impfung géint Afepouken. Ween awer géint Pouke geimpft ass, soll och gutt géint Afepouke geschützt sinn.

Schreiwes

Pas de cas de variole du singe à ce jour au Luxembourg (21.05.2022)

Communiqué par : ministère de la Santé

 
Le ministère de la Santé signale qu’il n’y a pour le moment aucun cas de variole du singe suspect ou confirmé au Luxembourg.

La situation est surveillée de très près avec les partenaires européens. Il s’agit pour le moment de sensibiliser à la propagation potentielle du virus de la variole du singe.

La variole du singe : une maladie virale rare

La variole du singe est une maladie virale rare, transmissible à l'homme par des animaux. La transmission interhumaine est rare, mais possible, surtout en cas de contact étroit, avec in risque plus élevé pour les personnes ayant des partenaires multiples et les hommes ayant des rapports sexuels avec les hommes. Les virus de la variole du singe sont répandus en Afrique Occidentale et Centrale chez les rongeurs.

Quel est le mode de transmission ?

La variole du singe se transmet par contact sexuel avec une personne atteinte ou ses fluides corporels, y compris la salive.

Quels sont les symptômes ?

Les symptômes sont les suivants : éruptions cutanées, fièvre, mal de tête, douleurs musculaires, mal de dos, ganglions lymphatiques enflés, frissons et fatigue. Tout cas suspect et toute personne présentant des symptômes indiquant la variole du singe doit consulter le service national des maladies infectieuses du CHL et s'abstenir de toute activité sexuelle ou de tout autre type d'activité impliquant un contact étroit jusqu'à ce que la variole du singe soit exclue ou que l'infection soit résolue.