Am Westjordanland ass an der Nuecht op e Samschdeg e mannerjärege Palestinenser bei engem Asaz vun den israelesche Forces de l'ordre gestuerwen.

Dat mellt de palestinenseschen Gesondheetsministère. Ee weider Jonke vun 18 Joer wier liewensgeféierlech blesséiert ginn. Den Tëschefall war zu Dschenin, wou den 11. Mee eng Journalistin vun Al Jazeera an de Kapp geschoss krut. Méi wéi 50 Vertrieder vum amerikanesche Representantenhaus fuerderen elo, datt den FBI de Fall ënnersicht. Déi bekannt palestinensesch Journalistin hat och en amerikanesche Pass.