Als Äntwert op d'"Bedroung" duerch Nordkorea hunn den US-President an den neie südkoreanesch President zousätzlech Militärmanöver an Aussiicht gestallt.

Den Joe Biden huet wärend senger Visitt zu Seoul Südkorea militäresch Ënnerstëtzung zougesot noutfalls mat Atomwaffen, fir hiren Noper Nordkorea a Schach ze halen. Nieft engem gemeinsame Militärmanöver wéilt een an Zukunft och iwwer eng gemeinsam militäresch Aus- a Weiderbildung nodenken.

Dës Annonce dierft fir den nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Un eng grouss Provokatioun sinn. Den Joe Biden huet awer mat Bléck op den Atomprogramm vun Nordkorea och net ausgeschloss, de Kim Jong Un ze treffen. Awer just, wann hien et géing eescht mengen, sou den amerikanesche President.