D'Maschinn ass kuerz nom Start accidentéiert an huet Feier gefaangen. Fir d'Leit u Bord koum all Hëllef ze spéit.

A Frankräich sinn e Samschdeg bei Grenoble 5 Mënsche bei engem Fligeraccident gestuerwen. 4 dovunner vun där selwechter Famill. Ënnert den Doudegen ass och e Kand. De klenge Fliger ass kuerz nom Start accidentéiert an huet Feier gefaangen. D'Ursaach ass nach net gekläert.