Frankräich wier no un der Vollbeschäftegung - dat sot déi fréier Aarbechtsministesch an aktuell Premierministesch Elisabeth Borne e Méindeg.

Am Kader vun der Passation des pouvoirs am Aarbechtsministère huet si sech houfreg iwwert hire Bilan gewisen. De Chômagetaux wier esou déif wéi zanter 15 Joer net méi, a grad de Jugendchômage wier op e Rekordniveau erofgefall.

A Frankräich gëtt vu Plein-Emploi geschwat, wann de Chômagetaux tëscht 5 a 5,5 Prozent läit. Am éischten Trimester vun dësem Joer hunn a Frankräich 7,3 Prozent vun der aktiver Populatioun eng Aarbecht gesicht.

Iwwerdeems wëll déi nei franséisch Regierung nach virun de Legislativwale Mëtt Juni e Gesetzesprojet presentéieren, fir d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. Dat huet eng Porte-Parole nom Regierungsrot e Méindeg annoncéiert. Nieft den Haaptprioritéiten Educatioun, Gesondheet an Ekologie géif d'Regierung vun der Elisabeth Borne och ee staarken Accent op d'Kafkraaft vun der de Leit ze leeën.