Bei engem Accident tëscht zwee Schoulbusser sinn zu Celle am Ganze 36 Mënsche liicht blesséiert ginn.

D'Kollisioun war e Méindeg de Moien op enger Kräizung geschitt, wéi d'Police matdeelt. Ënnert de Blesséierte war och ee vun de Buschauffer. Véier Persounen hu misse fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht ginn.

Déi aner Kanner goufen entweder vun hiren Elteren oder mat zwee Ersatzbusser ofgeholl. D'Ermëttlungen zu der Ursaach vum Accident lafen.