D'CDU hat d'absolut Majoritéit bei de Wale virun 2 Woche knapp verpasst a kéint mat de Gréngen oder mat der FDP op eng komfortabel Majoritéit kommen.

Déi éischt Reunioun soll schonn en Dënschdeg sinn. An der leschter Legislaturperiod gouf et eng Dräierkoalitioun tëschent deenen 3 Parteien, déi Gréng waren awer net d'Accord fir eng Neioplag.

Och an Nordrhein-Westfalen sondéiere CDU a Grüne fir eng Regierungskoalitioun, wéi e Sonndeg bekannt gi war.