D'"Xinjiang Police Files" si bis elo déi gréisste Fuite vun Donnéeën iwwer déi staatlech Ëmerzéiungslageren a China.

Xinjiang Police Files Uiguren a China / Rep. Pierre Jans

Et sinn Informatiounen iwwer ronn 300.000 Chinesen, gréisstendeels Uiguren – eng muslimesch Minoritéit – déi vun den Autoritéite registréiert sinn. Fotoe gehéieren och zum Leak: Uniforméierter, déi mat Knëppelen arméiert e gefesselte Mann viru sech hir dréiwen. De Prisonéier huet e schwaarze Sak iwwer dem Kapp. Et si Biller, déi weisen, wat sech wierklech an dëse Campen ofspillt, déi de chineesesche Regierungsmemberen no just Institutiounen fir Formation continue sinn, an déi ee fräiwëlleg kéint goen.

Experte schätzen, dass an der autonomer Regioun Xinjiang zäitweis eng Millioun Uiguren a Lagere festgehale goufen. Wéi d'Reporter vum Bayresche Rundfunk (BR) erklären, wären ëmmer nees Dokumenter un d'Ëffentlechkeet geroden, déi d'Regierung zu Peking an e schlecht Liicht gestallt haten. E puer Campe wären an de leschte Joren zougemaach ginn, anerer awer net.

Experte ginn dovun aus, dass d'Regierung vum Staatspresident Xi Jinping zanter Onrouen am Joer 2013 nach méi eng streng Assimilatiounspolitik géintiwwer der muslimescher Minoritéit etabléiert huet.

D'"Xinjiang Police Files" weisen, dass et sech bei de Bildungszenteren a Wierklechkeet ëm héich securiséiert Campen handelt. A fräiwëlleg sinn d'Persounen do och mat Sécherheet net.

Dem BR no krut den däitschen Anthropolog Adrian Zenz dës Donnéeë vun enger anonymmer Source zougespillt. Déi hat sech, wéi et heescht, an e Computersystem vun Autoritéiten an der Regioun Xinjiang gehackt an d'Daten un de Fuerscher weiderginn. Deen huet 14 Medienhaiser den Accès dorop ginn. D'Reporter hätte wochelaang gepréift, ob d'Donnéeën authentesch sinn. Si wären ënnert anerem Uigure besiche gaangen, déi am Exil zu Istanbul respektiv Amsterdam liewen, deenen hir Bekannten zanter Jore verschwonne sinn. Wéi de BR schreift, hätte si d'Nimm an de geleakte Lëschten erëmfonnt.