En Amokleefer huet an enger Grondschoul am US-Bundesstaat Texas 19 Kanner an zwee Erwuessener erschoss.

An der klenger Stad Uvalde am Bundesstaat Texas an den USA, ronn 135 Kilometer westlech vu San Antonio, huet e jonke Mann op d'mannst 19 Kanner an zwee Erwuessener an enger Schoul ëmbruecht. Et ass eent vun de bluddegste Schoulmassakeren an der US-Geschicht. Nëmme beim Shooting virun 10 Joer an der Sandy-Hook-Grondschoul zu Connecticut si méi Mënsche gestuerwen. Den 18 Joer alen Täter ass wuel duerno selwer vun der Police erschoss ginn, nodeems hie mat enger Handfeierwaff a méiglecherweis engem Gewier an d'Schoul gaangen ass.

Medieberichter no hat hie virdrun op seng Groussmamm geschoss. Si ass mam Rettungshelikopter an d'Spidol bruecht ginn. Hiren Zoustand ass onkloer. Den Ugräifer hätt sech du mat engem Auto dervu gemaach. No engem Accident wier hien an d'Schoul ragaangen an hätt a méi Klassesäll ëm sech geschoss. Den Hannergrond vum Amoklaf bleift fir den Ament onkloer. Déi meescht vun de Schüler vun der viséierter Grondschoul hu latäinamerikanesch Wuerzelen. En Donneschdeg wier hire leschte Schouldag gewiescht.

An enger emotionaler Ried huet den US-President Joe Biden déi labber Waffegesetzer fir d'Waffegewalt am Land verantwortlech gemaach. Hie wier "degoûtéiert a midd", sou den 79 Joer ale Staatschef, dee grad vu senger Asierees erëm ass. Als Natioun misst een der Waffelobby d'Stier bidden. Den US-President Joe Biden huet ordonéiert, d'Fändelen op Hallefmast ze setzen. "Als Natioun musse mir eis froen, wéini a Gottes Numm mir der Waffelobby endlech d'Stier bidde wäerten", esou de Biden am Wäissen Haus. D'Virstellung, datt en 18 Joer ale Jong an e Waffebuttek goen an zwee Stuermgewierer kafe kann, wier einfach falsch, huet de President ënnerstrach.

D'Zuel vun Amokleef an den USA huet sech vun 2017 op zejoert verduebelt. Dem FBI no sinn 2021 am Ganzen 103 Mënsche bei esou bluddegen Tëschefäll ëm d'Liewe komm. A 60 vun 61 Fäll waren d'Täter Männer.