E 16 Joer ale Jong gouf vun der israelescher Arméi bei Konfrontatioune wärend enger reliéiser jüddescher Pilgerfaart am Norde vum Westjordanland erschoss.

Wéi de palestinensesche Gesondheetsministère mellt, wier de Ghaith Yamin un enger Blessur um Kapp gestuerwen. D'Israelesch Arméi, déi fir d'Sécherheet bei der Pilgerfaart zoustänneg ass, huet net direkt kommunizéiert. Déi arméiert Palestinenser-Beweegung islameschen Dschihad hat virdrun an engem Communiqué fir sech revendiquéiert, d'israelesch Truppen an en Hannerhalt gelackelt ze hunn a confirméiert, datt béid Säiten openee geschoss hunn.