De Wieder-Autoritéiten NOAA no kéint et dëst Joer zu sechs bis zéng Hurrikane kommen.

Prognosen no sollen dës Saison 14-21 Wierbelstierm am Atlantik entstoen, vun deene sechs bis zéng sech zu engem Hurrikan entwéckele kéinten. Dräi bis sechs vun den Hurrikane kéinten eng Stäerkt vun dräi a fënnef op der Skala erreechen, wat Wandvitesse vun iwwer 178 Stonnekilometer bedeit.

Sollten dës Prognose stëmmen, wier d'Hurrikan-Saison 2022, déi vum 1. Juni bis den 30. November geet, déi siwent um Stéck mat enger iwwerduerchschnëttlecher Stuermaktivitéit. Dowéinst den Appell vum NOAA-Chef Rick Spinrad un d'Autoritéiten an d'Bevëlkerung, sech gutt drop virzebereeden. Een eenzege Stuerm kéint nämlech Haiser, Quartieren a ganz Gemenge beschiedegen.

Déi vill Stierm sinn den US-Wieder-Autoritéiten no ënnert anerem op de Wiederphenomen La Niña oder iwwerduerchschnëttlech héich Temperature vun de Mieresuewerflächen am Atlantik an an der Karibik zeréckzeféieren.

D'Hurrikan-Saison 2021 war déi drëttaktiivst zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen. 21 Wierbelstierm mat Wandvitesse vun iwwer 62 km/h goufe gezielt.