Dschihadiste sollen e puer Uertschaften am westafrikanesche Land attackéiert hunn.

D'Regierung mécht Kämpfer vun enger islamistescher Miliz mat Relatiounen zum Terrorgrupp Al-Kaida responsabel fir d'Doten. Dës Extremiste sinn der UNO no och verantwortlech fir Attentater op malesch Zaldoten.

De Chef vun der Militärjunta un der Muecht huet eng Staatstrauer vun 3 Deeg ordonéiert. Mali ass eent vun den Zillänner vun der Lëtzebuerger Kooperatiounshëllef an Afrika.