Dat huet den Emmanuel Macron um Dënschdeg matdeele gelooss. Hien huet d’Demissioun refuséiert, fir datt d’Regierung kéint déi nächst Deeg weiderschaffen.

Wéi et heescht, géing de Macron "déi néideg politesch Consultatiounen" féieren, fir konstruktiv Léisungen ze fannen. Ufanks der Woch huet hie Rendez-vous mat de Cheffe vun den anere Parteien. De franséische President huet bei de Legislativen e Sonndeg jo seng absolut Majoritéit am Parlament verluer.