Normalerweis gëtt iwwer Fusioun bericht, ma de Grupp Kelogg mécht de Géigendeel a spléckt sech op.

De Grupp, dee besonnesch bekannt ass fir seng Cornflakes, deelt seng Aktivitéiten an dräi op: een Deel soll fir global Snacks an déifgefruere Moiesiessen an den USA zoustänneg sinn, en anere fir de Verkaf vu Kären an en drëtte fir vegan Produiten.