Tradere fäerten, datt d’global Ekonomie wéinst den Haussë vun Zënsen an eng Rezessioun kéint rëtschen.

De "West Texas Intermediate" ass op ronn 104 an de Brent op 109 US-Dollar de Barrel gefall. D’Marchéë kucke gespaant op eng Unhéierung vum Chef vun der US-Zentralbank Jerome Powell am Kongress dës Woch. Goldman Sachs zum Beispill geet trotz allem dovunner aus, datt de Pëtrol mëttelfristeg wäert weider méi deier ginn.