Nach e Mëttwoch soll d'Gesetzes-Reform dofir am brittesche Parlament deposéiert ginn.

Hannergrond ass eng Entscheedung vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter aus der leschter Woch. D'Riichter zu Stroossbuerg haten den ëmstriddene Plang vu Groussbritannien blockéiert, dee virgesäit, Leit, déi eng Demande fir Asyl maachen, mam Fliger an de Ruanda ze fléien. An dat onofhängeg vun der Nationalitéit vun de Leit.

Refugiéë sollen esou ofgeschreckt ginn, iwwert den Äermelkanal a Groussbritannien ze flüchten. Als Kompensatioun kritt de Ruanda Suen aus London.