An enger offizieller Usproch e Mëttwoch den Owend, huet de franséische President ugekënnegt, dass hien e "Kompromëss" wéilt fannen.

Bei dësem Kompromëss geet et drëms, fir kënne mat senge politesche Géigner ze regéieren. Um 20 Auer e Mëttwoch den Owend huet de Macron sech iwwer Tëlee un d'Vollek geriicht.Wärend de legislative Walen a Frankräich, huet de Macron jo seng absolut Majoritéit an der Assemblée nationale verluer.

Hie wéilt gären eng méi grouss a kloer Majoritéit fannen, an huet dofir déi verschidde politesch Formatioune gefrot, an aller Transparenz ze definéieren, bis wou ee kéint goen. D'Land soll net paralyséiert ginn.

Méi Infoen an Detailer ginn et bei de Kolleege vun RTL 5minutes!