Ermëttler a Baden-Württemberg hunn zwee Männer festgeholl, déi an enger Schwäizer Groussstad e Verbrieche mat Sprengstoff geplangt sollen hunn.

Déi zwee Männer goufe beim Kaf vu presuméierte Sprengstoff zu Stuttgart festgeholl, dat huet d'Landeskriminalamt aus Baden-Württemberg matgedeelt. Konkret gëtt géint den Duo wéinst dem Plange vun engem Explosiounsverbriechen ermëttelt.

Zanter Juni gouf géint déi 26 a 24 Joer al Männer ermëttelt. Am Darknet waren d'Ermëttler op den Duo opmierksam ginn.